Triangle Oiseau Lecture / Livres culturels

Zebra Tscherri

Guy Rewenig, Klaudia Kampa

Ass de rouden Zebra wiirklech geféierlech?

Guy Rewenig
Zebra Tscherri
39 Geschichte mam Kätt

Zebra Tscherri
Firwat heescht den Zebra Tscherri?
Dat ass eng gutt Fro.

Déi eng son: Dem Zebra séng Frëndin Zebralla huet e Sproochfeler. Wa si ruffe wëllt « Zebra, mon chéri! » héiert ee leider nëmmen « Tschebra, mon tscherri! » Awer dat ass bestëmmt gelunn. Déi aner son: « Tscherri » heescht op Englesch « Kiischt ». Wat huet en Zebra da mat enger Kiischt ze don? Ganz einfach. Den Zebra Tscherri frësst all Dag zwee Zänner Kiischten. Vum ville
Kiischtefriessen ass säin Zebrapelz kiischterout. Just säi Schwanz ass gréng. Dee gesäit aus wéi en décken, laange Kiischtestill. Awer dat ass bestëmmt gelunn.

9. Oplo (8001-10000)
160 Säiten, hardcover
Mat faarwege Biller vum Klaudia Kampa
Editions ultimomondo/FGIL 2007

Matières : Luxembourgeois
UGS : 411
20,00 

Titre

Aller en haut