Triangle Oiseau Lecture / Livres culturels

Lawweli Lulatsch

Annick Sinner, Guy Rewenig

36 Säiten, Album-Format 22,5 x 21,5 cm, Hardcover

Lawweli Lulatsch
26 Geschichten a 15 Biller iwwer d’Léift
Däerf een iwwer d’Léift laachen?
Natierlech
Well d’Léift kann heiansdo schrecklech komplizéiert sinn
Dat ass esou komesch, datt een einfach laache muss!

Lawweli Lulatsch ass eng vun den 27 kuerze Liebesgeschichten, déi de Guy Rewenig a sengem neie Buch erzielt. All hu se een an dee selwechten Opbau- si erziele vun der Léift tëscht ganz ënnerschiddleche Leit. Vum grousse Gefill dat sech net dru stéisst, datt deen anere vläicht net ganz esou formidabel ass wéi deen een et gär hätt.
Mee ëmmer gëtt iwwer de klénge Manko, wann et dann een ass ewechgekuckt. An eigentlech ass et och kee Manko! Léift kuckt net duerno ob ee méi kléng oder méi grouss ass, ob ee schnaarcht beim Schlofen oder jäizt beim Schwätzen, ob ee komesch ausgesäit oder de ganzen Zäit am Gaang ass ze streiden. Bei all de klénge Geschichte vun ongewéinleche Koppelen- do spillen esouguer
Déieren a Beem mat- ass um Enn e Kompromëss méiglech.

D’Léift mécht datt déi onméiglechst Situatiounen sech op eng Manéier arrangéieren an all Viruerteeler aus der Welt schafen. All kléng Geschicht huet hiren Titel an heiansdo mengt een et bréicht ee just ronderëmsech ze lauschtere fir grad déi Säz ze héieren, oder net: Ganz egal- Du dreifs mech op de Beemchen- Watass dat dann- Gëff mer deng Hand- Mat Haut an Hoer- Vernenn eis net. A sécher ass et och dat wat denAuteur Guy Rewenig gemaach huet.

A senger onverwiesselbarer Manéier spillt hie mat der lëtzebuerger Sprooch, mat Nimm an Ausdréckdéigeleefeg sinn an heiansdo dach esou liicht surrealistesch wierken. Grad esou onkomplizéiert geethie mat Kläng ëm- mat Buschtawe Vokaler a Konsonanten, déi en esou hin an hirgeheit dat se ëmmer anescht kléngen- sou gëtt aus Hippo Hippo Potto Potto Tamm um Enn just nach Hpt.. An hpt- sou de GuyRewenig kléngt dach och ganz verléift. Zu de Geschichte gehéieren natierlech och d’Illustratioune vum Annick Sinner. Zënter enger Rei Joere scho schaffen den Auteur an d’Zeechnerin zesummen- all déi lescht
Kannerbicher hu si zesumme konzipéiert. D’Zeechnunge sinn faarweg a kräfteg mat expressiven Ausdréck an de Gesichter an an de Beweegungen.

Lawweli Lulatsch ass e Buch dat Kanner sécher kënne liesen oder virgelies kréien, dat den Erwuessenen awer grad esou gutt zu Gesiicht steet. Déi kléng witzeg Geschichte sinn op alle Fall e Plaidoyer fir Respekt, Unerkennung, Akzeptanz- alles Wierder déi absolut derzou gehéiere wann et ëm dat wichtegst vun alle Gefiller geet: ëm d’Léift!

Christiane Kremer, RTL

Guy Rewenig
Biller: Annick Sinner

Matières : Luxembourgeois
UGS : 415
18,00 

Titre

Aller en haut