Vakanzenheft Mathe Cycle 2.1
Entdeck dat neit Vakanzenheft fir d’Mathematik fir den Cycle 2.1
Mat Léisungsviirschléi an villen neien Iwwerraschungen !
Eis Vakanzenhefter ginn pro Schouljoer an pro Fach iwwerschafft an d’FGIL freet sech, dir dat éischt neit Vakanzenheft firzestellen.
Mat engem neie Layout, flotten Exercicer, Knobelaufgaben, « Rechenmeister »-Säiten fir däi Wëssen ze testen an engem Spill fir erauszehuelen!
Zesumme mat eisem Maskottchen, dem Minu, kanns du dech während der groußer Vakanz am Rechnen fit haalen.
Übungen: Élodie Renard
Illustratioun: Ingo Schandeler