Triangle Oiseau Lecture / Livres culturels

Schallümmo

Annick Sinner, Guy Rewenig

9 Geschichten – Hardcover, 144 Säiten

Schallümmo ass den drëtten a leschte Band vum Guy Rewenig
senger « Kätt-Trilogie » (Muschkilusch – Zebra Tscherri –
Schallümmo) an ënnert senge Kannerbicher ee vun de ganz grousse
Bestseller mat iwwer 7000 verkaften Exemplären.

D’Buch gëtt et an zwou Versiounen
Op lëtzebuergesch an op däitsch.

Schallümmo! » rifft d´Madamm Feierstein vu mueres bis owes. « Schallümmo! Schallümmo! Schallümmo! schaalt et duerch d´Haus. Bestëmmt dräidausendmol den Dag. « Du gees net op de Concours, wann s de net mam Schallümmo drénks! » Awer d´Fuzzi drénkt net mam Schallümmo. Fir d´Baschten net. Hatt zerbäisst de Schallümmo, rullt en iwwert de Buedem, zerknautscht en tëscht de Patten, dickst en ënnert de Kicheschaf, zerfatzt e mat de Krallen, schleeft en hannert d´Heizung. Ech géif d´Fuzzi am léifste knuutschen. Hatt léisst sech näischt soen. Vu kengem. Hatt mecht, wat et wëllt.

Schallümmo – Guy Rewenig
Illustratiounen: Annick Sinner

Matières : Luxembourgeois
UGS : 407b
20,00 

Titre

Aller en haut