Triangle Oiseau 2.1 / 1e année / Cycle 1 / Cycle 2 / Lecture

Muxfux Billerbuch

Corinne Wirion, Sally Weyland

De Muxfux huet Gebuertsdag (Billerbuch)

De Muxfux huet Gebuertsdag. Hie fënnt e blénkege Bréif a leeft bei seng Frëndin Lussi. Si
fannen eraus, dass et sech em eng Recette fir e Kuch handelt. Zesumme maachen si sech op d’Sich no allen Ingredient’en a begéinen op hirem Wee nei Frënn.

E Billerbuch op Lëtzebuergesch fir de Cycle 1 zum Héierspill « De Muxfux huet
Gebuertsdag ».

Dëst Buch féiert mat flotten Illustratioune vum Sally Weyland duerch d’Geschicht an hëlleft neie Wortschatz ze erschaffen an d’Geschicht ze verstoen. Dëst kann
eleng oder als Preparatioun fir d’Héierspill genotzt ginn.

Di däitsch, franséisch, englesch a portugisesch Iwwersetzunge vum Text fënnt ee per QRCode um Site: www.fgil.lu.
Esou kann d’Buch och mat den Elteren thematiséiert ginn.

An der dozou passender Lehrerhandreichung fënnt een einfach uwennbar Aktivitéiten a
Kopiervorlagen, fir nom Virliese fachiwwergräifend mat de Kanner ze schaffen.

Text: Sally Weyland a Corinne Wirion
Illustratiounen: Sally Weyland

Matières : Luxembourgeois
UGS : 7015
16,00 

Titre

Aller en haut