
Muschkilusch
« Dat beléifst letzebuerger Kannerbuch »
Resultat vun enger grousser Lieseremfro vum Binsfeld-Verlag 2004/2005
Muschkilusch
Eng Méck als Frëndin ? Dat ass gelunn
E Kannerklassiker vum Guy Rewen
Ech sin d´Kätt. Dat ass schon hallef gelunn. Well fir richteg heeschen ech CATHERINE. Sou steet op ménger Innänni – op ménger Dennini – wéi nennt een dann déi Kaart mat der Fotto an dem Numm? Do steet: Catherine Musch. Deene meeschte Leit ass et zevill, mech mat méngem richtegen Numm ze ruffen. « Catherine, va au lit! » steet am franséische Buch. Dat fannen ech schéin. Ine-ine-ine …, li-li-li … Lauter schéin Téin. A wat kréien ech all Owend ze héieren? « Kätt, an d´Bett! » Batsch! Ätt-ätt-ätt! Bä-bä-bä! Dat deet scho bal wéi an den Oueren.
10. Oplo (10001 – 14000) Dezember 2006
160 Säiten, hardcover
Mat faarwege Biller vum Klaudia Kampa
Editions ultimomondo/FGIL 2006