Triangle Oiseau Lecture / Neuheiten 2024 / Nouveautés 2024

Ech hu keng Loscht ze zauberen

Monique Philippart Schmitt

D’Emma ass e klengt Feeëmeedchen.

Hatt léiert gutt an der Schoul, mä hat zaubert net gär.

„Feeë mussen Zaubere léieren, fir de Mënschen an den Déieren an Nout kënnen ze hëllefen“, seet d’Joffer Mélanie dem Emma ëmmer erëm.

Awer d’Emma huet keng Loscht ze zauberen.

Oder vläicht dach?
Wann hatt domat kann e puer Déiere rose maachen… zum Beispill de Kueb rosa zauberen oder dem Kéiseker e Kaweechelchersschwanz verpassen.

Awer enges Daags geroden Déiere wierklech a Nout.

De Wiederfräsch Tom annoncéiert en deckt Donnerwieder mat Iwwerschwemmungen. Di grouss Déiere lafen op en héige Bierg, d’Villercher fléien hinnen no.

Awer di kleng Déieren, d’Spannen, d’Seejomessen, d’Schleeken an d’Himmelsdéiercher ruffe verzweifelt em Hëllef.

Kann d’Emma hinnen hëllefen? Wëll hat iwwerhaapt hëllefen?

An erënnert hat sech iwwerhaapt nach u säin Zaubersproch?

 

Dëst Buch ass op Lëtzebuergesch an op Däitsch.

Pro verkaafte Buch spent d’FGIL 1 € un d’Associatioun Hand an Hand.

UGS : 7020
20,00 

Titre

Aller en haut