Triangle Oiseau CD’s / Cycle 3 / Cycle 4

Banda Limbo (Buch an CD)

Georges Urwald, Guy Rewenig

Buch (60 Säiten) + CD (49 tracks)
Illustratiounen: Pat Wengler

Co-Editioun ultimondo/FGIL

Jazz-Lidder an Ofzielreimer fir Kanner

«Banda Limbo» ass eppes ganz Neies zu Lëtzebuerg:
fir d’éischte Kéier kënnt hei am Land en CD mat Jazz-Lidder fir Kanner eraus. D’Texter vum Guy Rewenig huet de Georges Urwald vertount. Un der Réalisatioun vum CD hu ronn 100 Leit matgewiirkt: Den Jazz Trio Garlicks, den Ensemble Vocal Berdorf a fënnef Kannerchéier vu Konsdref a vun Iechternach. Am Buch «Banda Limbo» (60 Säiten, mat faarwegen Illustratioune vum Pat Wengler), dat den CD begleet, stinn all d’Texter vum Guy Rewenig, en Artikel vum Georges Urwald iwwert d’Geschicht vum Jazz (mat praktesche Beispiller vum CD), all Informatiounen a Fottoen zu dene verschiddenen Ensemblen an de Programm vum CD (49 tracks).

Matières : Luxembourgeois
UGS : 508
15,00 

Titre

Aller en haut