Triangle Oiseau Kulturbücher / Lektüre

Libella Bitsch

Guy Rewenig, Pat Wengler

Weltrekord:
En Hamster flitt

Leider gëtt den Här Pallabu ëmmer nees gestéiert beim Erfannen. Zanter dräi Stonne sëtzt en Hamster nieft séngem rietse Fouss a kuckt hien an engem Stéck poulriicht an d´Aen. Jiddereen, dee selwer Erfinder ass, wees, datt et ganz onméiglech ass, eppes z´erfannen, wann en Hamster een an engem Stéck poulriicht an d´Ae kuckt.

Den Här Pallabu wees net, wou deen Hamster hirkënnt, wiem säin et ass a wat e wëllt: Hie wees och net, wéi en heescht. Hie wees nëmmen eppes: Deen Hamster wëllt einfach net méi sénger Wee goen. Et ass en Hamster, dee keng Angscht huet. Den Här Pallabu huet e scho mat der Stränz genätzt, fir en ze verdreiwen. Mee den Hamster hat dat richteg gär. Hien huet sech geschuddert vu Genoss. Well den Hamster sech net verzitt, probéiert den Här Pallabu e klengt Gespréich mat him unzefänken. Hie seet: „Mäin Numm ass Rattatu Pallabu, a wéi heeschs du ?“ „Libella Bitsch“, seet den Hamster.

Guy Rewenig

Mat faarwege Biller vum Pat Wengler
Editions ultimomondo/datscharitschi

Matières : Luxemburgisch
Artikelnummer: 413
17,00 

Title

Go to Top