
D'Lila sicht eng Frëndin
Monique Philippart
D’Lila ass traureg. Hat huet keng eenzeg Frëndin. Enges Daags mécht hat sech op de
Wee, fir eng Frëndin ze fannen. Awer hat huet keng Chance. D’Déiere fannen hat all ze
lues, ze schläimeg, ze kleng …
Kee wëllt dem Lila seng Frëndin sinn.
D’Lila gëtt ëmmer méi traureg. Enges Owes reent et staark an op eemol héiert d’Lila kleng
Stëmmen: „Hëllef, hëllef, eis Schwëster erdrénkt!“ Ouni ze zécken, rett d’Lila e klengt Himmelsdéierchen
aus engem grousse Pull.
Dëst Buch ass op Lëtzebuergesch an op Däitsch.
UGS : 7024